Wëllkomm
Wëllkomm um Internetsite vun de Schoulen vu Mäertert a Waasserbëlleg. Hei fannt dir Informatiounen, Neiegkeeten, aktuell Aarbechten vun de Kanner an d'Bibliothéik.
Aktuell News | All News uweisen
Niklosmaart
04/12/2017Hei e puer Andréck vun eisem Niklosmaart. En décke Merci un all déi gehollëf hunn, de Fëscherveräin, d'Kanner déi super gebastelt hunn an selbstverständlech den Elteren, déi eis en masse mat Kuch, Muffins, Cookies, etc versuergt hunn !
» Galerie
Niklosmaart 2.12.2017 ab 13:00 Auer
22/11/2017De Fëscherveräin an d'Grondschoul Waasserbëlleg lueden Iech häerzlech op hiren 2. Niklosmaart an.
Fir gutt Ambiance, flott Chrëchtdeco an Iessen an Drénken ass gesuergt.
A wann der Iech ganz gutt schéckt, da kënnt de Kleeschen och bis laanscht. ;)
De komplette Programm fand Dir op eisem Flyer.
flyer_niklosmaart.pdf (195 KB)
Kannerbicherausstellung am Centre Culturel zu Mäertert
18/10/2017Vum 16. bis de 17. November ass zu Mäertert am Centre Culturel nees di grouss Kannerbicherausstellung.
All d'Detailer zum Programm, den Atelieren, den Optrëtter an de Liesungen fannt Dir am FLYER.
D'Elterevertriëder vu Mäertert freeën sech op Äre Besuch!
Du 16 au 17 novembre, une grande exposition de livres pour enfants ouvrira ses portes au Centre Culturel à Mertert.
Pour d'amples informations concernant le programme, les ateliers, les scènes et les lectures, veuillez vous référer au FLYER.
Les représentants des parents d'élèves se réjouissent de votre visite!
Flyer_Bicherausstellung2017.pdf (879 KB)
Pas de cours cet après-midi et demain pour cause de fortes chaleurs et de concentrations en ozone
21/06/2017Il n'y aura pas de cours cet après-midi et demain pour cause de fortes chaleurs.
Néanmoins, l'accueil dans les écoles et les maisons-relais est garanti.
Winst der grousser Hëtzt falen d'Coursen haut de Mëtten a muer aus.
Et ass awer weiderhinn den Accueil an alle Schoulen an an de verschiddene Maison-relais garantéiert.
Den Cycle 3.2 verschéinert de Gank !
30/03/2017Den Cycle 3.2 huet eng Serie vu Silhouetten erstallt, personaliséiert an opgehaang. De but : Mir weisen, dass mir gudd zesumme schaffen kennen an stellen eis Klass als Eenheet duer & verschéineren den Gank ! :-)
» Galerie