Zum Haaptinhalt sprangen

News

Eischt Viregt Nächst Lescht

Virliesconcours

26/03/2012

De 26. März hat de Virliesgrupp de Virentscheed vum Virliesconcours organiséiert. Hei sollt rausfond ginn, ween d'Schoul vu Waasserbëlleg an der Halleffinal vum nationale Virliesconcours vertrëtt.
Hei d'Plazeverdeelung:

Plaz 3: Lara Gengler
Plaz 2: Sebastian Mousel
Plaz 1: Chloé Weiler

An der Halleffinal werd also d'Chloé eis Schoul vertrieden.
Mir wënschen him alles Gutts.





Liesung Jhemp Hoscheit

02/03/2012

Mëttwoch den 29. Februar war den Jhemp Hoscheit an der Grondschoul zu Waasserbëlleg op Besuch an huet eng Liesung fir den Ënnergrad gehal.

D'Fotoen vun dësem Event si lo online!




Bicherausstellung am Kader vum PRS

01/03/2012

De 7. an den 8. Mäerz organiséieren d'Elterevertriëder vun der Grondschoul Mäertert an Zesummenaarbecht mat der Libo eng grouss Kannerbicherausstellung. All Detailer fannt Dir um Flyer.

Le 7 et 8 mars, les représentants des parents de l'école fondamentale de Mertert organisent une grande exposition de livres pour enfants, ceci en collaboration avec la Libo. Vous retrouverez tous les détails sur le flyer.




Kannerbicherausstellung

01/03/2012

E Mëttwoch, de 7. Mäerz em 17:30H ass eng Liesung vun der Mme Mireille Weiten-de Waha fir all d'Kanner am Centre Culturel zu Mäertert.
En Donneschden Nomëtten, den 8. Mäerz kënnen d'Kanner an engem Atelier am Centre Culturel zu Mäertert hiert eege Lieszeeche bastele kommen.


Mercredi, le 7 mars à 17:30H, Mme Mireille Weiten-de Waha, autrice, propose aux enfants de tout âge une lecture de son oeuvre au Centre Culturel à Mertert.
Jeudi après-midi, le 8 mars, les enfants sont invités à bricoler un marque-page dans un atelier au Centre Culturel à Mertert.
 Artikel.pdf (300 KiB)












Krëschtmaart

16/12/2011

Krëschtmaart am Schoulhaff vum Cycle 1!
Et gëtt Zopp, Kniddelen, Panecher, Kannerpunsch a fir déi grouss Kanner Glühwein. Um 16:00 Auer geet et lass. Et gëtt och eng Tombola an et gi Bastelsaache vun de Kanner verkaf. Den Erléis ass fir e gudden Zweck (SOS Kannerduerf Miersch).




Liesung vum Jhemp Hoscheit

08/12/2011

Léif Kanner, léif Elteren

De lëtzebuergesche Schrëftsteller Jhemp Hoscheit kennt donneschdes,den 8. Dezember bei eis an d’Schoul a liest de Schüler aus de Zyklen 3 a 4 aus senge Bicher vir.

Mat frëndleche Gréiss,
De Lies- a Bibliothéiksgrupp





Plan de réussite scolaire

21/11/2011

Am Kader vum Plan de réussite scolaire (PRS) invitéieren mir all Elteren härzlech op eng Informatiounsversammlung.
D'Versammlung fënd den 30. November 2011 um 19.00 Auer am Préau vun der Grondschoul zu Waasserbëlleg statt.









Eischt Viregt Nächst Lescht