Projet Reebësch: Réckbléck a Fotoe
18/06/2009D'Schoulen zu Mäertert a Waasserbëlleg hate während 2 Wochen de Schoulprojet "Reebësch" um Lafen. All Klassen, ob Spill-oder Primärschoul, hu während 2 Wochen déi verschidden Aspekter vum Reebësch behandelt an dozou gemoolt oder gebastelt: d'Déieren, d'Planzen, d'Geforen, seng Friichten a seng Zerstéierung mat de Konsequenzen.
Um Enn vun deenen 2 Woche war dunn zu Mäertert am Centre culturel eng Ausstellung, wou all d'Wierker vun de Kanner ausgestallt goufen.
Hei huet d'zweet Schouljoer vu Waasserbëlleg souguer en Theaterstéck iwwert de Reebësch opgefouert.
Am Kader vun dësem Schoulprojet ass och de Patrick Godar vu Bridderlech Deelen während 3 Deeg säi Projet "Indigen Völker a Brasilien" virstelle komm. Fir dëse Projet ze ënnerstëtze gouf ee Stonnenlaaf organiséiert. D'Kanner sinn fir de Reebësch gelaf.
Den Erléis aus dësem Stonnelaf a vun aner Aktivitéite sinn dunn am Schluss dem Patrick Godar fir säi Projet iwwerreecht gi.