Lies-Aktioun zum 100. Gebuertsdag
16/04/2007zum 100.Gebuertsdag vum Astrid Lindgren, deen exakt de 14. November 2007 gefeiert gëtt, lancéiere mir an de Schoulen zu Mäertert an zu Waasserbëlleg eng grouss Lies-Aktioun.
Fir all Grad offréiere mir Klasselektüren:
Fir den Ënnergrad sinn dat z.B. Kindertag in Bullerbü an
Als Klein Ida auch einmal Unfug machte
Fir de Mëttelgrad: Pippi in Taka-Tuka Land an
Der beste Karlsson der Welt
Fir den Obergrad: Ronja Räubertochter
Doniewent gëtt et nach vill aner Wierker vun där grousser Dame vun der Kanner- a Jugendliteratur an der Schoulbibliothéik an op eise Bicherdëscher. Fir d'Léierpersonal ginn et verschidden Dossiers pédagogiques.
Eeler Schülerinnen a Schüler liese méi jonken eng Lindgren-Geschicht vir.
Vum 21. Mee bis de 6. Juni organiséiere mir an Zesummenaarbecht mat der Union Commerciale e Bicher-Rallye. An de Geschäfter zu Mäertert an zu Waasserbëlleg gi Bicher ausgestallt an d'Kanner mussen allerhand Froe beäntweren. Ze gewanne ginn et flott Bicher. Op der Präisverdeelung liese prominent Gäscht hir Lindgren-Lieblingsgeschicht.
Méindes, den 11. Juni (Mëttelgrad), mëttwochs, den 13. Juni (Ënnergrad) a freides, de 15. Juni (Uewergrad) ass am Park zu Mäertert e spannend Gänsespill.
Mir maachen och eng gemeinsam Aktioun mat der Musel-Sauer Mediathéik.
Eis Aarbecht zum 100. Gebuertsdag vun der schwedescher Schrëftstellerin presentéiere mir och am Kader vun enger Publiktatioun, déi de Ministère de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle fir dee feierlechen Anniversaire erausgëtt.
de Liesgrupp
Laurent Hulten, Danielle May-Steffes, Françoise Mergen,
Marie-Rose Schumacher-Weber, Josette Stemper-Kayser,
Jeanne Turnau-Offermann, Danièle Wampach
Svenja Wirtz