Liesnuecht vum Cycle 4.1
13/03/2014De 7.2.2014 hat den Cycle 4.1 eng Liesnuecht an der Schoul organiséiert.
Hei stoungen d'Virliesen, d'Liesmotivatioun an de Virliesconcours am Virdergrond.
D'Kanner sollten sech zum Thema "Konflikter" e Buch aussichen.
Och d'Elteren haten eppes dovun. Si kruten e kuerzen wuelverdéngte Congé, well d'Kanner hunn an der Schoul iwwernuecht.
Fir Iessen an Drénken war gesuergt.