Zum Haaptinhalt sprangen

Porte ouverte an der Grondschoul zu Mertert

26/08/2014

E Samsden, den 13. September vun 11 bis 13 Auer ass nees eis alljährlech Porte ouverte an der Grondschoul zu Mertert.
Bei dëser Geleeënheet kënnt Dir eis Gebaier kucke kommen, d’Personal kenne léieren, an e klénge Bléck op eis Bicher an eist pädagogescht Material geheien.
D’Kanner vu Maërtert kënnen hir Saachen (Bicher, Gesellschaftsspiller, CDen, DVDen, DS-Spiller,...) am Haff ausstellen a verkafen. (Denkt drun eng Decke matzebréngen fir d’Saachen drop auszestellen.)
Et muss keen Honger leiden, am Haff kënnt Dir eppes vum Grill oder e Stéck Kuch iessen an natierlech och eppes drénken.
Jiddereen ass wëllkomm ! Mir freeën eis op Äre Besuch !

A cette occasion, vous pouvez visiter les infrastructures des bâtiments, prendre contact avec les enseignants, vous informer des manuels scolaires ainsi que de tous les autres matériaux pédagogiques.
Les enfants de Mertert ont la possibilité de vendre leurs affaires (livres, jeux et jouets, CD, DVD, jeux vidéo,...) dans la cour. (Pensez à apporter une couverture pour exposer vos affaires.)
Vous pouvez également boire un verre et manger avec nous dans la cour de récréation.
Avis aux amateurs!
Nous sommes heureux de pouvoir vous accueillir !