Zum Haaptinhalt sprangen

Invitatioun op eng Konferenz "Léieren méi liicht gemaach!"

10/01/2014

D'Maacher Schoul an Zesummenaarbecht mat der Eltereschoul Osten invitéieren Iech ganz häerzlech de

Mëttwoch, 15. Januar 2014 ëm 19.00 Auer
an d'Maacher Primärschoul (1, rue de l'École) op eng Konferenz zum Thema :


Léieren méi liicht gemaach!
WALDBILLIG-SCHANK Manuelle, Pädagogin M.A., systemische Familientherapeutin, Legasthenietrainerin

- Wat heescht eigentlech „léieren“?
- Wéi eng Léierschwieregkete gët ët a wat kann een dogéint maachen?
- Wéi schaaft een doheem eng gutt Léieratmosphär?
- Wéi eng Roll spillen d’Elteren dobäi?
- Wéivill Encadrement a wéivill Eegestännegkeet brauche Kanner?
- Wéi kann ech mäi Kand motivéieren?
- Wat maachen ech wa mäi Kand zéi ass wann ët ëm d’Hausaufgabe geet?