Zum Haaptinhalt sprangen

Wëllkomm


Wëllkomm um Internetsite vun de Schoulen vu Mäertert a Waasserbëlleg. Hei fannt dir Informatiounen, Neiegkeeten, aktuell Aarbechten vun de Kanner an d'Bibliothéik.



Aktuell News | All News uweisen








Checkiwwerreechung

13/03/2014

Den 25.2.2014 huet d'Checkiwwerreechung fir d'a.s.b.l. Île aux Clowns stattfond.
Am Kader vun dëser Iwwerreechung kruten d'Kanner dëse Projet méi genau virgestallt.
Dobäi konnt een och deen een oder anere Clown erblécken.
Dat heescht nach méi Clownen wéi normal an der Waasserbëlleger Schoul ;)




Liesnuecht vum Cycle 4.1

13/03/2014

De 7.2.2014 hat den Cycle 4.1 eng Liesnuecht an der Schoul organiséiert.
Hei stoungen d'Virliesen, d'Liesmotivatioun an de Virliesconcours am Virdergrond.
D'Kanner sollten sech zum Thema "Konflikter" e Buch aussichen.
Och d'Elteren haten eppes dovun. Si kruten e kuerzen wuelverdéngte Congé, well d'Kanner hunn an der Schoul iwwernuecht.
Fir Iessen an Drénken war gesuergt.




Viertrag vum Tina Kemnitz

10/03/2014

D’Elterevertrieder aus der Grondschoul vu Mäertert invitéieren op de Viertrag vum Tina Kemnitz:
Was soll ich dem Kind bloß kaufen? 25 ausgezeichnete Kinder- und Jugendbücher – kurzweilig vorgestellt.

De Viertrag gëtt an däitscher Sprooch ofgehal, an zwar:
Freides, den 21. Mäerz 2014 em 19.30 Auer am CIMW (Pompjeesbau) zu Mäertert.
Kommt laanscht a verbréngt mat eis e flotten an interessanten Owend bei engem Pättche Wäin.
Den Entrée ass fräi.




De neie Schoulhaff hëllt Gestalt un

05/03/2014

Am Kader vum "plan de réussite scolaire" gouf beschloss, dass d'Schoul vu Waasserbëlleg en neie Schoulhaff géing kréien.
Dëss Aarbechten lafen och säit enger Zäit op Héichtouren.
Op dëse Fotoë kënnt der Ierch dovun iwwerzeegen.








Eischt Viregt Nächst Lescht


Kalender


chevron_left
chevron_right


> zur Gesamtübersicht

Login


News Feed

 

Unseren Feed öffnen / abonnieren

Erklärungen (Win / Mac)

Dimmi

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot