Wëllkomm
Wëllkomm um Internetsite vun de Schoulen vu Mäertert a Waasserbëlleg. Hei fannt dir Informatiounen, Neiegkeeten, aktuell Aarbechten vun de Kanner an d'Bibliothéik.
Aktuell News | All News uweisen
Aktioun "E Stopp fir e Mupp"
02/05/2013Nodeems eis Aktioun fir d' a.s.b.l. "ASA" virun eppes mé wéi 2 Méint ugelaf ass, konnte bis dato 8 grouss Tuten Plastiksstëpp vun de Mäerter Schoulkanner gesammelt ginn, wat engem Total vu 60kg entsprëcht. D'Aktioun geet awer weider, sou dass an deene leschten 2 Wochen scho nees eng 10kg zesumme komm sinn.
E grousse Merci u jiddereen, dee matmécht a sech duerch dese klenge Geste un engem flotte Projet bedeelegt!
D'Elterevertrieder an de Schoulcomité vu Mäertert
Aktioun "E Stopp fir e Mupp"
25/02/2013Säit desem Schouljoer engagéieren sech eis Schoulen, wéi scho vill aner Schoulen an Organisatiounen an eisem Land, fir zu Gonschten vun der "Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn" (ASA a.s.b.l.)" Stëpp ze sammelen. Mat der Recolte vun dese Stëpp finanzéiert d'ASA d'Ausbildung vun Assistenzhënn fir handicapéiert Matmënschen. Fir all weider Infoen, klickt op de Link.
Informatiounsversammlungen vun der Mme Delvaux-Stehres zu der Schoulreform fir interesséiert Elteren
24/02/2013Par la présente j’ai l’honneur de vous inviter ensemble avec des parents d’élèves de votre école respective à l’une des réunions d’information et d’échanges à l’attention des représentants de parents d’élèves et de parents d’élèves, organisées par le Ministère de l’Education nationale et de la Formation professionnelle.
Neie Schoulhaff
22/02/2013Am Kader vum PRS (plan de réussite scolaire) gouf den Aménagement vum Schoulhaff zu Waasserbëlleg beschloss.
Fir d'Verwierklechung vun engem éischte Plang goufen net nëmmen Experten zu Rot gezunn, mee och d'Ideeën vun de Kanner mat agebonnen.
Klickt op de PDF fir Ierch de Plang unzekucken.
plang.pdf (2.50 MB)
Schéi Feierdeeg
24/12/2012D'Léierpersonal aus der Gemeen Mäertert wënscht alle Kanner zesumme mat hiren Eltere schéi Feierdeeg, eng erhuelsam Vakanz an e gudde Rutsch an d'Joer 2013