Zum Haaptinhalt sprangen

News

Eischt Viregt Nächst Lescht

Sortien um Enn vum Schouljoer

03/07/2008

D'Enn vum Schouljoer ass och ëmmer d'Zäit vunn de Kolonien, Ausflig a Visiten. Och dëst Joer ginn erëm interessant a villsäiteg Destinatiounen vunn de Schoulkanner aus Mäertert a Waasserbëlleg ugesteiert. Hei ee klengen Iwwerbléck iwwer eis Sortien vum Summer 2008.




Kompetenz-Sockelen

30/06/2008

Den Unterrëchts-Ministère huet eng Informatiounsbrochure iwwer d'Aarbecht mat de sougenannten "soccles de compétences" ausgeschafft. Den 1. Deel vunn der Publicatioun (Généralités) kann elo um Website vum Ministère op franzéisch erofgeluede ginn.
>> Dokument eroflueden




Schoulfest

25/06/2008

De Samsden, de 28. Juni ass zu Mäertert nees eng lass fir all Klass. Ufank ass um 11 Auer. Um 14 Auer ass dat grousst Völkerballturnéier. Virdrun, géint 13 Auer, ass eng Stee, wou Holzhaiser ënnert den Hummer kommen. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Bis e Samsden...








Schoulsportdag

15/04/2008

Freides den 2. Mee ass bei eis an der Gemeen den traditionelle Schoulsportdag. D'Kanner kréien de genaue Programm deemnächst matgedeelt.




Pilgerdag

15/04/2008

De 25. Abrëll ass Pilgerdag. Deen Dag ass keng Schoul.




Schéin Ouschteren

23/03/2008

D'Léierpersonal wënscht alle Kanner zesumme mat hiren Elteren schéin Ouschteren an eng erhuelsam Vakanz.
















Eischt Viregt Nächst Lescht