Zum Haaptinhalt sprangen

News

Eischt Viregt Nächst Lescht

PIRLS 2006

07/12/2007

Méi Informatiounen zu den Resultater vu PIRLS 2006 ginn d' Experten op enger Konferenz, de Méinden, den 10. Dezember 2007 em 19:00 Uhr am Centre de Langues.

Weider Informatiounen stinn op der Websäit vum MEN


















Rezent Formatiounen

13/11/2007

No der grousser Informatiounsversammlung vum 23. Oktober, unn där 12 Enseignanten deelgeholl hunn, goufen och an der läschter Woch e puer weiderféierend Formatiounen iwwert eisen Internetsite ofgehalen:

Donneschdes, den 8. November
- 14-15 Auer: Tiparlo Formatioun fir 6 Enseignanten vum Préscolaire

Freideg, den 9. November
- 13-14 Auer: Formatioun fir déi 5 Membere vum Bibliothéiksgrupp zu Waasserbëlleg
- 14-16 Auer: Ënnerstëtzung an de Spillschoulsklassen zu Waasserbëlleg bei der Notzung vum Tiparlo.
- 16-18 Auer: Wiki-Formatioun fir 4 Leit aus dem Primaire.

>> nächst Formatiounen




Bibliothéik zu Mäertert

19/10/2007

Elo ass et endlech souwäit! Eis Bibliothéik zu Mäertert ass fäerdeg miwwléiert a 'bebichert'. D'Kanner sinn häerzlech invitéiert fir an der Bibliothéik oder op eisem Internetsite no deene Bicher ze sichen, déi hinnen flott Lieserliewnisser garantéieren.




Formatioun vun EducDesign

19/10/2007

En Dënsden, den 23. Oktober 2007 ass vu 14.00H bis 16.00H eng Formatioun vun EducDesign zu Mäertert am neie Centre d'intervention (CIMW). Wie wëll, ka gäre säi Notebook matbréngen.








Rentrée 07/08

11/09/2007

No zwee laange Méint Vakanz geet et e Méinden nees lass.
Fir d'Klassen aus dem Primaire ass et e ganz normale Schouldag, also vun 7.55-12.00 a vu 14.00-16.00
D'Spillschoul fänkt eréischt um 10.00 un.





Bibliothéik zu Mäertert

11/07/2007

Zu Mäertert entsteet eng nei a grouss Bibliothéik. Dofir hëlleft d'6. Schouljoër am Kader vun engem grousse Projet kräfteg mat, alleguerten d'Bicher aus der Mäerter Schoul ze scannen an ze sortéieren. D'Bibliothéik mécht hir Diren de 17. September op, an zwar an engem eegenen Bibliothéikssall mat neie Regaler, Sëtzecken ... an natierlech ville, ville, neie Bicher.

>> Bibliothéik




Eischt Viregt Nächst Lescht