Zum Haaptinhalt sprangen

News

Eischt Viregt Nächst Lescht

100 Joer Astrid Lindgren

28/06/2007

Fir der Gebuertsdag vunn der schwedëscher Schrëftstellerin Astrid Lindgren (bekannt duerch Klassiker wéi "Pippi Langstrumpf", "Ronja Räubertochter" a "Kalle Blomquist") ze feiern, gouf sech an der Primärschoule vu Mertert déi läscht Wochen intensiv mat hiere Wierker auseneen gesat. An deem Kontext huet och eng grouss Bicher-Rallye stattfond.
 artikel_wort.pdf (472 KiB)




SCHOULFEST 2007

27/06/2007

Concours: "Dat schéinst Plakat!"
Events:
11.30 Singing Teachers
13.00 Huttdéfilee
14.00 Danzvirféierung
15.00 Theater
16.00 Singing Kids
16.30Präisverdeelung Huttdéfilee

Verschidden Atelieren: Face-Painting, Percussioun,
Museksinstrumenter bastelen, Fotosatelier, Verkleeden, asw.

Spiller fir Kanner: Douseschéissen, Eeërlaf, asw





Coupe Scolaire

25/05/2007

Den 22. Juni organiséiert d'Léierpersonal aus der Gemeen nees d'Coupe Scolaire fir d'Kanner aus dem Uewergrad.
Dëst Joer féiert de Parcours duerch d'Stroosse vu Bëlleg.
Jiddereen ass invitéiert, eis jonk Velofuerer deen Dag z'encouragéiren.













Schéin Ouschteren

30/03/2007

Mir wënschen alle Kanner an hiren Eltere schéin Ouschterdeeg an eng erhuelsam Vakanz.
Nous souhaitons à tous les enfants et à leurs parents de Joyeuses Pâques et des vacances reposantes.
Allen Kindern und ihren Eltern wünschen wir "Frohe Ostern" und erholsame Ferien.








Concert an der Schoul

28/03/2007

Mar sange Kanner aus dem drëtte Schouljar e klenge Concert. Rendez-vous fir all Leit, déi interesséiert sinn, ass ëm 19.30 am Préau vun der Schoul.
D'Kanner sangen e Bouquet vu Melodien an droe Gedichter vir.




6. Schoulsportdag an der Gemeng

26/03/2007

De Schoulsportdag an eiser Gemeng steet dëst Jar ganz am Zeeche vum WALKING.
D'Kanner komme wéi ëmmer an d'Schoul, awer ouni Schoulsak. (Jogging an Turnschong)
Ëm 8.30 wierme mer eis op a léieren, wéi ee richteg goen / walken soll. (zu Bëlleg an der Turnhal, zu Mäertert am Centre Culturel)
Da walke mer laascht d'Musel, duerch de Mäerterter Park an duerch de mëttlere Wéngertswee. Ënnerwee sinn nach Ateliere fir d'Kanner. Och fir eng kleng Stäerkung op halwem Wee ass gesuergt. (Waasser an Uebst)
Ëm 12 Auer gi mer dann all super trainéiert erëm heem.
Motto: "Méi beweegen a gesond iessen"








Eischt Viregt Nächst Lescht