Zum Haaptinhalt sprangen

News

Eischt Viregt Nächst Lescht

Grouss Kannerbicherausstellung zu Mertert

25/10/2019

D‘Elterevertriëder aus der Grondschoul Mertert organiséieren hir traditionell Kannerbicherausstellung am Centre Culturel zu Mertert.

Doriwwer eraus fannen och nach folgend Aktivitéite statt:

Donneschdes, den 21.11.2019

15-16h: Bastelatelier

16-17h: Ëffentlech Liesung mam Betsy Denzer, gesponsert vun der Musel-Sauer-Mediathéik

17-18h: Bastelatelier

Freides, den 22.11.2019

17.30h: Optrëtt vun de Zumbakids vum TopFit Waasserbëlleg

All weider Detailer fannt Dir um Flyer




Ausfluch op Beefort

21/12/2018

Fir de leschte Schouldag virun der Chrëschtvakanz war de Cycle 4 vu Mertert op d'Äispist zu Beefort.




Niklosmaart 2018

05/12/2018

Hei e puer Andréck vum Niklosmaart 2018. Villmools Merci un All déi wou eng Hand mat ugepaak hunn: Enseignants, Elteren & Kanner. Merci och un de Fëscherveräin an d'Gemeng fir d'Organisatioun an d'Zesummenaarbecht. Merci un d'Carole fir déi flott Foto'en.




Hallewfinale vum nationalen Virliesconcours

17/05/2018

Am Cader vum nationalen Virliesconcours, hu mir als Groupe Bibliothéik aus der Régioun Grevenmacher d'Hallewfinale geplangt, organiséiert an duerchgefouert, dëst am Centre Culturel Waasserbëlleg.
D'Kanditaten waren all gutt, si hu mat Spaß a Freed um Liesen d'Spectateure an d'Jury begeeschtert. Respekt un jiddferee dee matgemaach huet!

En Gléckwonsch och un de Kenan, den sech ënnert alle Kandidaten fir d'Finale zu Miersch qualifizéiert huet. Mir drécken dir an alle Finalisten d'Daumen!

En décke Merci och un d'Jury : Här Directeur Joa Baum, Här Buergermeeschter Jérôme Laurent, Responsabel vun der Médiathéik Desti Siegler an Robi Schilz.

En Merci och un d'Gemeng Mertert-Waasserbëlleg, déi eis all e Patt offréiert huet.








Niklosmaart

04/12/2017

Hei e puer Andréck vun eisem Niklosmaart. En décke Merci un all déi gehollëf hunn, de Fëscherveräin, d'Kanner déi super gebastelt hunn an selbstverständlech den Elteren, déi eis en masse mat Kuch, Muffins, Cookies, etc versuergt hunn !




Niklosmaart 2.12.2017 ab 13:00 Auer

22/11/2017

De Fëscherveräin an d'Grondschoul Waasserbëlleg lueden Iech häerzlech op hiren 2. Niklosmaart an.

Fir gutt Ambiance, flott Chrëchtdeco an Iessen an Drénken ass gesuergt.

A wann der Iech ganz gutt schéckt, da kënnt de Kleeschen och bis laanscht. ;)

De komplette Programm fand Dir op eisem Flyer.




Kannerbicherausstellung am Centre Culturel zu Mäertert

18/10/2017

Vum 16. bis de 17. November ass zu Mäertert am Centre Culturel nees di grouss Kannerbicherausstellung.
All d'Detailer zum Programm, den Atelieren, den Optrëtter an de Liesungen fannt Dir am FLYER.
D'Elterevertriëder vu Mäertert freeën sech op Äre Besuch!

Du 16 au 17 novembre, une grande exposition de livres pour enfants ouvrira ses portes au Centre Culturel à Mertert.
Pour d'amples informations concernant le programme, les ateliers, les scènes et les lectures, veuillez vous référer au FLYER.
Les représentants des parents d'élèves se réjouissent de votre visite!








Den Cycle 3.2 verschéinert de Gank !

30/03/2017

Den Cycle 3.2 huet eng Serie vu Silhouetten erstallt, personaliséiert an opgehaang. De but : Mir weisen, dass mir gudd zesumme schaffen kennen an stellen eis Klass als Eenheet duer & verschéineren den Gank ! :-)




Eischt Viregt Nächst Lescht