Zum Haaptinhalt sprangen

News

Eischt Viregt Nächst Lescht

Makerspace - BeeCreative

30/01/2017

Mir waren mam C3.2 op de Geesseknäppchen an den Makerspace an hu geléiert, wéi een Batterien, Kabelen an e Schalter logësch zesummelöte kann. Eise Rudolf huet ëlo eng Nues, déi mir mat eisem selwer agebaute Schalter un- an ausknipse kënnen. D'Luucht an d'Kabelen hu mir selbstverständlech selwer ugebaut! De Rudolf hu mir mat der Peschpistoul aus 3 Stécker zesummegepescht.
Méi Infos : http://www.bee-creative.lu/










Niklosmaart zu Waasserbëlleg

22/11/2016

Samsdes, den 3.12. ab 11 Auer fënd zu Waaserbëlleg am Centre Culturel eise Niklosmaart statt.

Mir géifen eis iwwer Aere Besuch freeën.








GRATIS Formatioune fir Elteren

07/02/2016

Den Dagesmamm-Service "Rasselbande", a Kooperatioun mat der "Eltereschoul Osten" bidd allen interesséierten Elteren verschidde Gratis-Formatiounen un. Des Formatiounen fannen all Kéier zu Mertert selwer, am Gebai vum Dagesmamm-Service, op der Adress 15, route de Wasserbillig statt. Fir weider Informatiounen zu den Themen an den Daten, klickt w.e.g. op d'Flyeren.




Impressioune vun der Kannerbicherausstellung

08/12/2015

Hei e puer Impressioune vun der Kannerbicherausstellung am Centre Culturel zu Mertert, déi vun den Elterevertriëder organiséiert gouf a wou och Liesunge fir d'Schoulkanner stattfonnt hunn.




Grouss Kannerbicherausstellung zu Mäertert

05/11/2015

Vum 26. bis de 27. November ass zu Mäertert am Centre Culturel nees di grouss Kannerbicherausstellung.
All d'Detailer zum Programm, den Atelieren, den Optrëtter an de Liesungen fannt Dir am FLYER.
D'Elterevertriëder vu Mäertert freeën sech op Äre Besuch!

Du 26 au 27 novembre, une grande exposition de livres pour enfants ouvrira ses portes au Centre Culturel à Mertert.
Pour d'amples informations concernant le programme, les ateliers, les scènes et les lectures, veuillez vous référer au FLYER.
Les représentants des parents d'élèves se réjouissent de votre visite!
 FLYER.pdf (2.83 MiB)




Fiz

26/10/2015

De Cycle 3.1 vu Waasserbëlleg war Fiz maachen.
D'Fotoe si lo online.




Drauwelies

13/10/2015

De Cycle 3.1 vu Waasserbëlleg war an d'Drauwelies.
D'Fotoe si lo online.




Informatiounsowend mat der Police

25/06/2015

Äer Elterenvertrieder vun der Grondschoul Mäertert

deelen Iech matt, datt si

an Zesummenaarbecht mat der Police Grand-Ducale

en Méindeg, den 6ten Juli 2015 em 19 Auer 30

zu Mäertert am Centre Culturel

en Owend zum Thema

Drogenpräventioun, Sexting an Cybermobbing

organiséieren.

Mir freeën eis op Äert Kommen an op een flotten Owend

Bis dann

Janet HORTSCH          Carole NEYEN             Dory BOEZ

Eliane PAULUS           Christiane WEBER       Ana SHILLINGLAW






Eischt Viregt Nächst Lescht