Zum Haaptinhalt sprangen

News

Eischt Viregt Nächst Lescht

Wichteg Informatioun

13/08/2013

Vum nächste Schouljoer 2013/2014 un wäerten alleguerten d'Kanner aus der Gemeng Mertert, déi den Alter fir d'Spillschoul erreecht hunn, an d'Gebai „Princesse Alexandra“ op Waasserbëlleg plënneren, dest aus Plazmangelgrënn am Spillschoulsgebai zu Mäertert. De Précoce- a Primaires-Unterricht wäert awer normal zu Mäertert weidergefouert ginn.


A partir de l'année scolaire 2013/2014, tous les enfants de la commune de Mertert entrant dans l'enseignement préscolaire fréquenteront le bâtiment „Princesse Alexandra“ à Wasserbillig, ceci dû à des raisons de manque de place dans le bâtiment préscolaire à Mertert. Néanmoins, l'enseignement précoce et primaire poursuivra son service à Mertert.




Porte ouverte an der Schoul zu Mäertert

13/08/2013

D’Léierpersonal, d’Elterevertrieder an d’Personal vun der Maison Relais vu Mäertert invitéieren Iech alleguer op hir Porte ouverte mat Bicher- a Spillsaachefloumaart an enger Konschtausstellung Samschdes, de 14. September 2013 vun 11 bis 13 Auer zu Mäertert am Schoulhaff.
Eng Visite guidée vun de Gebaier fänkt em 12 Auer an der Entrée vun der Primärschoul un. Fir weider Infoen kuckt w.e.g. d'PDF-Dokument.

Le personnel enseignant, les représentants des parents d’élèves et le personnel de la maison relais de Mertert vous invitent cordialement à leur journée porte ouverte avec marché aux puces pour enfants et exposition d’art le samedi, 14 septembre 2013 de 11 à 13 heures dans la cour de l’école de Mertert.
Une visite guidée des bâtiments débutera à 12 heures à l’entrée de l’école primaire. Pour plus d'infos, consultez le document PDF en annexe.





Parken vor der Schule in Mertert

12/08/2013

Sehr geehrte Eltern,
Aus Sicherheitsgründen und zur besseren Sichtbarkeit für die Schulkinder bitten wir Sie immer nur die vorgesehenen Parkplätze vor der Schule zu nutzen (grüne Zone). Bitte vermeiden Sie unter allen Umständen Ihren Wagen in der roten Zone zu parken.
Vielen Dank für Ihr Verständnis und ihre Mitarbeit,
Das Schulkomitee und die Elternvertreter der Grundschule Mertert


Chers parents,
Pour des raisons de sécurité et de bonne visibilité pour les enfants, pensez toujours à vous stationner exclusivement aux endroits prévus à cet effet (zone verte). Veuillez éviter en toutes circonstances de garer votre véhicule dans la zone rouge.
Merci de votre compréhension et de votre collaboration,
Le comité d’école et les représentants de l’école fondamentale de Mertert

 Lettre.pdf (190 KiB)








Aktioun "E Stopp fir e Mupp"

02/05/2013

Nodeems eis Aktioun fir d' a.s.b.l. "ASA" virun eppes mé wéi 2 Méint ugelaf ass, konnte bis dato 8 grouss Tuten Plastiksstëpp vun de Mäerter Schoulkanner gesammelt ginn, wat engem Total vu 60kg entsprëcht. D'Aktioun geet awer weider, sou dass an deene leschten 2 Wochen scho nees eng 10kg zesumme komm sinn.
E grousse Merci u jiddereen, dee matmécht a sech duerch dese klenge Geste un engem flotte Projet bedeelegt!

D'Elterevertrieder an de Schoulcomité vu Mäertert




Aktioun "E Stopp fir e Mupp"

25/02/2013

Säit desem Schouljoer engagéieren sech eis Schoulen, wéi scho vill aner Schoulen an Organisatiounen an eisem Land, fir zu Gonschten vun der "Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn" (ASA a.s.b.l.)" Stëpp ze sammelen. Mat der Recolte vun dese Stëpp finanzéiert d'ASA d'Ausbildung vun Assistenzhënn fir handicapéiert Matmënschen. Fir all weider Infoen, klickt op de Link.








Neie Schoulhaff

22/02/2013

Am Kader vum PRS (plan de réussite scolaire) gouf den Aménagement vum Schoulhaff zu Waasserbëlleg beschloss.
Fir d'Verwierklechung vun engem éischte Plang goufen net nëmmen Experten zu Rot gezunn, mee och d'Ideeën vun de Kanner mat agebonnen.
Klickt op de PDF fir Ierch de Plang unzekucken.
 plang.pdf (2.50 MiB)




Schéi Feierdeeg

24/12/2012

D'Léierpersonal aus der Gemeen Mäertert wënscht alle Kanner zesumme mat hiren Eltere schéi Feierdeeg, eng erhuelsam Vakanz an e gudde Rutsch an d'Joer 2013








Eischt Viregt Nächst Lescht