Zum Haaptinhalt sprangen

News

Eischt Viregt Nächst Lescht

Austausch- an Diskussiounsowend

17/01/2014

Är Elterevertriëder vu Mäertert informéieren Iech, dass si
e Mëttwoch, den 22. Januar em 20:15h zu Mäertert an der Grondschoul en oppent Ouer fir Iech hunn, fir all Är Uleiessen a Froen d'Schoul betreffend.
Mir freeën eis op Äert Kommen an op e flotten Owend.


Vos représentants des parents d'élèves vous informent qu'ils se tiennent à votre disposition
le mercredi, 22 janvier à 20:15h à l'école fondamentale de Mertert
pour une soirée d'échanges et de discussions.
Nous nous réjouissons d'avance de discussions intéressantes.




Invitatioun op eng Konferenz "Léieren méi liicht gemaach!"

10/01/2014

D'Maacher Schoul an Zesummenaarbecht mat der Eltereschoul Osten invitéieren Iech ganz häerzlech de

Mëttwoch, 15. Januar 2014 ëm 19.00 Auer
an d'Maacher Primärschoul (1, rue de l'École) op eng Konferenz zum Thema :


Léieren méi liicht gemaach!
WALDBILLIG-SCHANK Manuelle, Pädagogin M.A., systemische Familientherapeutin, Legasthenietrainerin

- Wat heescht eigentlech „léieren“?
- Wéi eng Léierschwieregkete gët ët a wat kann een dogéint maachen?
- Wéi schaaft een doheem eng gutt Léieratmosphär?
- Wéi eng Roll spillen d’Elteren dobäi?
- Wéivill Encadrement a wéivill Eegestännegkeet brauche Kanner?
- Wéi kann ech mäi Kand motivéieren?
- Wat maachen ech wa mäi Kand zéi ass wann ët ëm d’Hausaufgabe geet?









Alles Guddes fir dat neit Joer

01/01/2014

Dat ganzt Léierpersonal vun der Gemeng Mertert wënscht all de Kanner an hiren Elteren alles Guddes fir 2014.

Le personnel enseignant de la commune de Mertert souhaite une bonne année 2014 à tous les enfants et à leurs parents.




Krëschtmaart 2013

19/12/2013

Besicht eis op eisem Krëschtmaart Freideg, den 20.12.2013 vun 16h00 un.
Flott Krëschtdéco an -ambiance erwaarden Ierch.
Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.
Den Erléis, fir déi Saachen déi verkaaft ginn, geet un "île aux clowns".
Mir freeën eis op Ären Besuch.




Babysitterausbildung zu Mäertert

14/11/2013

Hei en Artikel aus dem Lëtzebuerger Wort zum Babysittercours, deen d'Elterevertriëder vu Mäertert zesumme mat der Sozialpädagogin, der Mme Julie Koene am Centre d'intervention organiséiert hunn. Fir all Détailer, klickt einfach op de Lien.
 Artikel.pdf (1.67 MiB)




Kannerbicherausstellung am Centre Culturel zu Mäertert

01/11/2013

D' Elterevertrieder vun der Grondschoul Mäertert invitéieren an Zesummenaarbecht mat der Libo
den 15.11.2013 vun 16h-20h an den 16.11.2013 vun 14h-19h
op hir Kannerbicherausstellung am Centre Culturel zu Mäertert.

All weider Infoen an de Programm mat de Liesunge fannt Dir op dem Flyer
 Flyer.pdf (498 KiB)




Aktioun "E Stopp fir de Mupp"

06/10/2013

D'Schoulkanner vu Mertert konnte säit Mee 2013 weider 160 kg Stëpp fir d'Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn "A.S.A. a.s.b.l." sammelen.
Domat komme mir am Ganzen op iwwer 220 kg. D'Aktioun geet natierlech weider, besonnesch, nodeems d'Assistenzhënn den 30. September zu Besuch an der Schoul zu Mertert waren, wou hir Missioun all de Kanner virgestallt gouf.

E grousse Merci un all déi, di mat desem klenge Geste dozou bäidroen, d'Ausbildung vun den Hënn matzefinanzéieren.

D'Fotoen vun der Visite fannt dir ënnert desem Link:









De neie Schoulbuet ass do

15/09/2013

Wann Dir op de Link ënne klickt, fannt Dir eise neie Schoulbuet fir d'Joer 2013/2014.

En cliquant sur le lien ci-dessous, vous trouverez la nouvelle édition du bulletin d'information pour la rentrée scolaire 2013/2014.




Eischt Viregt Nächst Lescht